Dat seet de Gérard Lopez an engem Interview zu senger Relatioun mam Formel 1-Pilot Kimi Räikkönen, dee Lotus jo a Richtung Ferrari verléisst.

"Wéi e gefrot gouf, ob e bezuelt gouf, sot de Kimi Neen...Anerer sinn do méi gescheit", sou de Gérard Lopez. Säi Kontakt zum Finn wär nach ëmmer an der Rei, och wann dee vill Grenzen iwwerschratt hätt a schwiereg wär. De Kimi Räikkönen hätt ni gesot, dass seng Pai dat Wichtegst wär; dat hätt awer geännert, wéi Lotus en neie Vertragsmodell virgeschloen hätt, sou de Gérard Lopez géintiwwer Motorsport-Total.com.