Beim leschte Grousse Präis vun der Saison setzt de Sebastian Vettel sech duerch,dat viru sengem Teamkolleg Webber (Red Bull) an dem Alonso (Ferrari).

Um Sonnden hate virun allem déi zwee Mercedes-Fuere Hamilton a Rosberg e gudde Start.

Wann d'Wieder an der éischter Halschent vun der Course dresche wor, huet et spéider liicht gereent.

Vettel a Webber hunn kuerz viru Schluss Zäit verluer, well se an der Box net prett waren.

Trotzdem setzt de Vettel sech duerch an kënnt domat méi no un dem Alberto Ascari säi Rekord vu 9 Victoiren hannereneen (1952/1953).
Den Däitschen ass mat der Victoire um Sonnden och elo bei 9 successive Victoiren.

Am Qualifying hat de Sebastian Vettel déi séierst Zäit an ass um Sonnde vun der Pole fortgefuer. Op d'Plazen 2 an 3 sinn den Nico Rosberg (Mercedes) an de Fernando Alonso (Ferrari) komm.