Formel 1: Teamchef Ross Brawn verléisst Mercedes

© AFP (Archivbild)
De Ross Brawn verléisst de Mercedes-Rennstall, wéi Mercedes de Donneschdeg offiziell matgedeelt huet.
De Brawn huet an der Ecurie och schonn eng offiziell Ried gehale fir Äddi ze soen.
Bis den 31. Dezember ass de Ross nach offiziell bei Mercedes agestallt.
De Ross Brawn ass ee vun de leschten Dinosaurier an der Formel 1, wéi d'Press schreift, an nach ass net gewosst, ob en sech ganz zréckzitt oder an enger aner Ecurie wiesselt. Hien huet, ënnert anerem, vill zu de 7 Weltmeeschter-Titele vum Michael Schumacher matbäigedroen, fir d'éischt bei Benetton, du bei Ferrari. Duerno huet en Honda iwwerholl a méi spéit och opkaf.
Am meeschte gelies