Formel 1: Gerard Lopez vum Pastor Maldonado iwwerzeegt

De Gerard Lopez huet am RTL-Interview wësse gelooss, dass de Maldonado nieft dem Sebastian Vettel, den eenzege jonke Pilot ass, deen e GP gewonnen huet.
Zanter dem Weekend ass bekannt, datt sech d'Formel 1 Ecurie Lotus fir de Pastor Maldonado als zweete Pilot nieft dem Romain Grosjean entscheed huet. De Pilot aus dem Venezuela war an sengem Williams d'lescht Saison awer net esou gutt ënnerwee. Den 28 Joer ale Maldonado huet just ee Punkt beim Grousse Präis vun Ungarn gesammelt.
Gerard Lopez: E Fuerer deen 2012 virum Alonso zu Barcelona wënnt, ka jo net ganz schlecht sinn.
De Williams wier garantéiert kee gudden Auto, an do wier et fir de Maldonado sécherlech och schwéier gewiescht sech ze motivéieren, sou nach de Lopez. Et bräicht ee kee schnelle Fuerer aus him ze maachen, well dat wier hie schonn, mä et wéilt ee konstante Fuerer aus him maachen. De Maldonado war scho GP2-Champion, an et ass deen eenzege jonke Pilot dee schonn e Grand-Prix gewanne konnt, dat war virun zwee Joer, de Grousse Präis vun Australien.
De Gerard Lopez sot weider am Interview mam Fränky Hippert, dass et hie géif nerven, dass lo stänneg gesot géif ginn, de Maldonado géif just bei Lotus fueren, well hie Milliounen Euro Sponsorgelder géif matbréngen.
Wat déi vergaange Saison ugeet, ass de Lëtzebuerger net ganz zefridden, awer och net onzefridden. En hätt sech gewënscht um Podium ze stoe bei der Constructeurs-WM, well souguer eng zweet Plaz wier mat deem Auto méiglech gewiescht.
Um Dënschdeg gouf dann och bekannt, dass den Nico Hülkenberg, deen och bei Lotus am Gespréich war, bei Force India zréck wiesselt.