D’Formel 1 soll eng nei Equipe kréien. Den Automobilverband FIA mécht een Appel fir Kandidaturen. Bis den 3. Januar kënnen Intresséierter sech mellen.

2015, spéitstens 2016 soll déi nei Ecurie an der Kinneksklass vum Motorsport matfueren. Den Ament ginn et 11 Equipen an der Formel 1. De Reegelen no dierfen et der maximal 13 sinn.