D'Vitesse war wuel den Ëmstänn ugepasst

Zu Albertville huet de Parquet um Mëttwoch de Public iwwert d'Enquêten informéiert, déi nom uerge Ski-Accident vum Ex-F1-Weltmeeschter ugefaange goufen.
Bei der Pressekonferenz um Mëttwoch de Moien huet de Procureur Äntwerte ginn op Froen, déi d'Journaliste gestallt hunn. Dacks war d'Äntwert allerdéngs, dass een dozou nach näischt kéint soen, well d'Enquête nach géif lafen.
Wat d'Geschwindegkeet ugeet, déi de Michael Schumacher soll drop gehat hunn, konnten d'Enquêteuren nach keng genau Äntwert ginn. Dat géif nach ausgewäert ginn, mä wéi et ausgesäit, wier hien den Ëmstänn entspriechend gefuer, net ze séier gefuer. Hie wier e gudde Schi-Fuerer, e wier zimlech parallel en net ze géie Bierg erofgefuer. Vill Kéieren hätt en net kënne fueren, well ebe Fielsen an deem "Hors-Piste" Beräich waren.
Material net schold
Hien ass mat senge Schi un engem vun deene Fielsen hänke bliwwen, no vir gefall a mam Kapp op e Fiels opgeschloen. Den Helm ass dobäi an 2 Deeler gebrach. D'Material (Schi an Helm) wieren net Schold un de schroe Blessuren.
De Beräich an deem de Michael Schumacher gefuer ass, war kloer als "Hors-Piste" gezeechent.
Zeien-Opruff
Informatiounen, dass de Michael Schumacher dohi gefuer ass, well hien engem wollt hëllefen, deen do gefall soll sinn, konnt de Procureur net bestätegen. Den Ament géife keng sou Informatioune virleien a wieren net Deel vun der Enquête. Wann et en Zeie géif ginn, dee sou eppes gesinn huet oder eppes dovunner wéist, da soll dee sech w.e.g. mellen.
De Spiegel hat gemellt, dass d'Chute soll vun engem Tourist gefilmt gi sinn. Och vun deem Video huet de Procureur bis ewell näischt gesinn. Si hätten de Video beim Spiegel ugefrot, dee sech awer nach net gemellt hätt.
Helmkamera ass gelaf
D’Helmkamera vum Michael Schumacher ass gelaf, wéi de fréiere Formel 1-Pilot säi Ski-Accident hat. Dës Informatioun koum scho virun der Pressekonferenz aus Enquêteur-Kreesser. Et wier ee wichtegt Dokument fir d’Enquête, huet et geheescht.
Dem Schumacher seng Fra Corinna huet d’Journalisten iwwerdeems opgeruff, d’Klinik ze verloossen an d’Dokteren a Rou schaffen ze loossen. Si sollen och d’Famill a Rou loossen.
D'Dokteren an der Klinik gi fir d'éischte Kéier vun engem verbesserte Gesondheetszoustand aus.
Dat gouf um Méindeg den Owend no 20 Auer bekannt.
D'Chance, datt den Ex-F1-Pilot iwwerlieft, wier domat geklommen, huet et geheescht. Nach kéint zwar alles passéieren, ma d'Liewensgefor wier net méi akut.
Accident gefilmt
Um Sonndeg war et ewell d'Nouvelle, datt en däitschen Tourist soll d'Chute gefilmt hunn. Déi Biller géife weisen, dass de Schumacher héchstens mat 20 Kilometer an der Stonn soll ënnerwee gewiescht sinn. Dat mellt de Spiegel.
De Mann wëll elo dem Parquet seng Opnam zur Dispositioun stellen.
Zu Grenoble an der Klinik, läit de Michael Schumacher, no sengem uerge Schiaccident vum Sonndeg, 29. Dezember, nach ëmmer am Koma. Säin Zoustand huet bis elo ëmmer als kritesch, mä stabel gegollt.
Helm-Kamera saiséiert
An et ass nach eng aner Kamera am Spill ... Wat am Ufank just e Gerücht war, stëmmt also: De Michael Schumacher hat eng Helm-Kamera bäi sech, wéi e beim Schifueren esou uerg accidentéiert ass.
Dës Kamera gouf Medie-Berichten no um Freideg vun der Police saiséiert. Et ass awer net gewosst, ob d'Kamera gelaf ass, wéi den Accident geschitt ass.
Der Spriecherin vu fréiere Formel-1 Rekordchampion no, ass et net wouer, datt d'Famill déi Kamera wollt zeréckhalen. Hir Suerg hätt eenzeg an eleng dem Gesondheetszoustand vum Schumacher gegollt.
D'Police huet iwwerdeems e Freideg och de 14 Joer ale Fils vum Schumacher an ee vu senge Frënn, déi alle béid Zeie vum Accident waren, gehéiert.

Tëscht dësen 2 Pisten ass den Accident geschitt.
En traurege Gebuertsdag
Um Freideg hate sech vill Schumacher-Supporter virun der Klinik zu Grenoble versammelt. Et hate sech ënnert anerem Fanklibb vu sengem fréieren Team Ferrari annoncéiert. Via Twitter hu sech um Freideg och d'Frënn aus der Motorsport-Zeen zu Wuert gemellt an hirem accidentéierte Kolleg nëmmen dat Bescht fir seng 45 Joer gewënscht.
D'Famill vum Michael Schumacher ass weiderhin u senger Säit a seet Merci fir déi grouss Solidaritéit mam Rekord-Weltmeeschter.
Dat wier fir si eng grouss Ënnerstëtzung, heescht et op der offizieller Homepage vum Formel 1-Star.
D'Klinik an de Management wëllen einstweilen net communiquéieren. Et sief den Zoustand vum Michael Schumacher ännert sech.
Enquête ugefaangen
De Parquet vun Albertville huet seng Enquête iwwert de Ski-Accident och ugefaangen, wou et ënnert anerem ëm d'Fro geet, wéi eng Roll d'Vitesse gespillt huet.

Wat war geschitt?
De Rekord-Formel-1-Weltmeeschter war jo e Sonndeg am fréie Moie mat sengem Bouf vu 14 Joer hors piste ënnerwee, wéi e gefall ass. Hien ass mam Kapp op e Stee gefall, respektiv an e Fiels geknuppt an huet sech dobäi, trotz Helm, ganz schlëmm blesséiert. Säin Zoustand hat sech ganz séier verschlechtert a gouf direkt als ganz eescht bezeechent.

No engem kuerze Statement e Sonndeg den Owend vun engem Responsabele vum CHU hat d'Spidol zu Grenoble um Méindeg am spéide Moien nach emol communiquéiert. De Michael Schumacher huet e schwéiere Schädel-Hirn-Trauma a läit am kënschtleche Koma. Ëmmer erëm hunn d'Dokteren d'Wuert "kritesch" benotzt, fir d'Situatioun ze beschreiwen. Et wier ze fréi, fir eng Prognos iwwer seng Iwwerliewenschancen ofzeginn. Ouni Helm hätt en d'Accident awer sécher net iwwerlieft, esou d'Dokteren.
Um Dënschdeg de Moie dunn huet d'Klinik nach eemol kommunikéiert. De Michael Schumacher géif weider a Liewensgefor schwiewen, säin Zoustand huet sech den Dokteren no awer liicht verbessert. Et hätt een d'Situatioun besser ënner Kontroll wéi nach e Méindeg.
Den Ex-Formel-1-Weltmeeschter wier nach ëmmer am kënschtleche Koma, eng Ännerung an dëser Saach wier esou séier net en Vue. Bis ewell gouf hien zweemol operéiert, e weidere Bludderguss gouf traitéiert an et si weider Blessuren am Gehir festgestallt ginn.
De fréiere Formel-1-Weltmeeschter gëtt weider iwwerwaacht, säin Zoustand ass stabel. Dat sot d'Sabine Kehm, Managerin vum Rekordweltmeeschter, virun der Uniklinik zu Grenoble op Neijoerschdag.
Um 2. Januar goufen et awer keng medezinesch Informatiounen. Bis op Weideres sollen et och keng weider Kommunikatioune ginn, wat bedeit, datt den Zoustand vum accidentéierte Patient stabel, mä kritesch bleift.