Den Team-Chef vu Lotus ënnersträicht, dass alles an der Rei ass, och wann d’Formel 1-Ecurie Enn des Mount op déi éischt Tester vun der Saison verzicht.

Dës Annonce huet iwwerrascht, wéinst de groussen Ännerungen, déi et dës Saison an der Formel1 gëtt. Mir hunn eng laangfristeg Präsenz wëlles, sou den Team-Chef. An der Lescht war jo e puer Mol iwwer finanziell Problemer bei Lotus Rieds.