Formel 1
De Bernie Ecclestone muss viru Geriicht

© AFP
De Formel-1-Chef Bernie Ecclestone muss sech wéinst méiglecher Bestiechung virum Landes-Geriicht zu München veräntweren.
Den 83 Joer ale Britt kritt reprochéiert e fréieren President vun der Bayrischen Landesbank, Gerhard Gribkowsky, bestach ze hunn. Dat bei der Vente vun den Formel-1-Parten vun der Bank am Joer 2006.
Den Ecclestone hat dofir 66 Milliounen Dollar Provisioun kritt, huet dem Banquier awer dunn nees 44 Millioune heemlech zeréck ginn, fir datt den Gribkowsky seng Parten un deen Investisseur verkeeft, deen den Eccelstone wollt.
De Banquier ass wéinst dem Deal schonn zu 8 an engem hallwen Joer Prisong veruerteelt ginn.
Am meeschte gelies