Problemer mat den neie Motoren

No nëmmen enger hallwer Ronn war um Donneschdeg Schluss fir den Daniel Ricciardo. / © MSP.lu, Jerry Andre
D'Formel 1 Saison steet virun der Dier. Zanter 3 Deeg gëtt am spueneschen Jerez getest. Déi eng Equipë sinn zefridde bis elo... anerer net.
Virun allem de Weltmeeschter Sebastian Vettel, konnt net vill testen, an dat well et Problemer mat sengem Motor goufen.
D'Renault Aggregat huet regelméisseg gestreikt. De franséischen Konstrukteur beliwwert am ganze 4 Ecurien. A virun allem gëtt dëst Joer speziell op d'Motoren gekuckt. Et gëtt nämlech een Back to the Future. D'Formel 1 Boliden si nämlech nees mat Turbo Motoren ënnerwee. Sou wéi dat bis 1988 de Fall war. Fir de Jean-Michel Jalinier, Directeur Général Renault Sport F1, ass dat e wichtegen Schratt.
Konkret heescht dat "Downsizing". Sou wéi et och bei deen normalen Stroossenautoen de Fall ass. Vun V8 Zylinder geet et op V6 zeréck mat 1,6 Liter. Vu 1989 bis 1994 haten d'Formel 1 Aggregater nach 3,5 Liter. Zanter hir ass et regelméisseg mat de Kubik erof gaangen. Och um Niveau vum zousätzlechen Elektromotor ginn et an der Formel 1 nei Regelen.
Fir den Alain Prost ass et kloer, dass duerch déi nei Motoren de Pilot nees méi gefuerdert gëtt.
Déi nei Formel 1 Saison fänkt de 16. Mäerz zu Melbourne an Australien un.