Formel 1
Eng Course am Aserbaidschan? Zu New York am Joer 2015!

Wei et schéngt gëtt an den nächste Joere Formel 1 am Aserbaidschan gefuer. 2015 soll et och eng Course zu New York ginn.
Britesch Medie mellen, datt de Formel 1 Chef Bernie Ecclestone sech mam Aserbaidschan op eng Course zu Baku gëeenegt huet.
E méiglechen éischten Depart ass fréistens 2015, méi wahrscheinlech wier et awer fir 2016 eng éischte Kéier zu Baku ze fueren.
Am Oktober dëst Joer ass jo och schonns déi éischte Course zu Sochi an Russland, do wou also am Februar nach d'olympesch Wanterspiller waren.
Donieft gouf och bekannt, datt iwwert déi vill diskutéierte Course zu New York, de Startschoss 2015 soll falen.
Am meeschte gelies