Optakt vun der Saison e Sonndeg zu Melbourne

Am éischte fräien Training an Australien wor de Fernando Alonso op Ferrari dee Séiersten.
Den Titelverdeedeger Sebastian Vettel koum mat sengem Red Bull op déi 7. Plaz. Fir ee vun de Favoritte vun där neier Saison, de Mercedes-Pilot Lewis Hamilton ass et net gutt gelaf. De Weltmeeschter vun 2008 huet no nëmme 5 Minutte musse seng Maschinn wéinst engem Defekt stoe loossen. Mat vir bäi woren nieft dem Fernando Alonso nach den Jenson Button op McLaren-Merceds an déi zwee Williams-Pilote Valtteri Bottas a Felipe Massa.
De Sebastian Vettel fiert iwwregens e Sonndeg an Australien mam Logo vum verongléckte Michael Schumacher op sengem Casque. De Formel-1-Weltmeeschter huet sech d'Initiale vum Schumacher op säin Helm lackéiere gelooss. De Véierfache Champion ass ee gudde Frënd vum Michael Schumacher, deen zanter dem 29. Dezember am Koma läit.