GP vu Malaysia: Duebel-Victoire fir Mercedes!

De Lewis Hamilton gewënnt virum Nico Rosberg. 3. gëtt de Sebastian Vettel, 4. de Fernando Alonso.
An der tropescher Hëtzt vu Malaysia um Circuit vu Sepang (bei der Haaptstad Kuala Lumpur) ass Mercedes senger Favoritteroll gerecht ginn an huet d'Course dominéiert - eng Dominanz, déi och mat enger duebeler Victoire belount gouf: Um Enn steet de Lewis Hamilton ganz uewen, nieft him säin Teamkolleg Nico Rosberg.
Malaysia huet awer och dem Sebastian Vettel gutt gedoen, de Weltmeeschter kritt seng éischt Punkte fir dës Saison. Hie kënnt op de Podium, konnt de Mercedes-Duo awer net richteg fuerderen.
Am WM-Klassement ass de Rosberg mat 43 Punkte vir, Zweeten ass do den Hamilton mat 25. Mat 15 Punkten ass de Vettel hei am Ablack de 7. Dem Vettel säi Coequipier Daniel Ricciardo huet et net an d'Zil gepackt. Laang louch de Ricciardo op Plaz 4, ma e Rad, dat am Boxestopp net richteg fixéiert war, huet e fir d'éischt seng Positioun an dunn och nach säi Frontflillek kascht - finalement huet en opginn.
An der Course kënnt den Alonso op déi 4. Plaz, 5. gëtt den Nico Hülkenberg.
De Romain Grosjean um Lotus gouf den 11., ganz knapp virum Kimi Räikkönen op Ferrari. De Pastor Maldonado um zweete Lotus ass nees ausgefall.
D'Dominanz vu Mercedes war esou grouss, datt och d'Wieder näischt dorunner ännere konnt. Zwar ass dat a Malaysia dofir bekannt, net previsibel ze sinn, an esou gouf et beim Start vill Sonn an héich Temperaturen amplaz vun engem Donnerwieder, ma um Enn sinn dann och nach e puer Drëpse gefall. De Vettel hat sech jo Ree gewënscht, ma dat blouf e Wonsch ... An der éischter Kéier gouf en ewell vum Rosberg iwwerholl an dono och nach vu sengem Teamkolleg Ricciardo.
Op der Pole stoung jo den Hamilton, deen also eng Start-Zil-Victoire feiert. Als Zweete goung de Vettel an d'Course, als Drëtten de Rosberg. Déi 2 hunn also hir Plaze getosch.
Virum Start nach nach un d'Affer vum Fluch MH370 geduecht ginn. "Mir biede fir MH370" stoung op den Helmer an op de Bolide vun den F1-Piloten - an der Landesprooch: "Doa Untuk MH 370".
Schlussresultat
1. L. Hamilton, Mercedes
2. N. Rosberg, Mercedes + 17,3
3. S. Vettel, Red Bull Racing + 7,2
4. F. Alonso, Ferrari + 11,4
5. N. Hülkenberg, Force India + 11,2
6. J. Button, McLaren + 36,4
7. F. Massa, Williams + 1,3
8. V. Bottas, Williams + 0,4
9. K. Magnussen, McLaren + 23,8
10. D. Kvyat, Scud. Toro Rosso + 26,9
11. R. Grosjean, Lotus + 2,2
12. K. Räikkönen, Ferrari + 0,1
13. K. Kobayashi, Caterham + 40,0
14. M. Ericsson, Caterham + 51,6
15. M. Chilton, Marussia + 0,1
Ausgefall ... an der Ronn:
0 - S. Perez, Force India
8 - P. Maldonado, Lotus
17 - J. Bianchi, Marussia
20 - J. Vergne, Scud. Toro Rosso
34 - A. Sutil, Sauber
36 - E. Gutierrez, Sauber
51 - D. Ricciardo, Red Bull Racing

Den nächste Grand-Prix gëtt den nächste Weekend am Bahrain gefuer.