Duebel Victoire fir Mercedes beim Grousse Präis vu Bahrain. De Lewis Hamilton gewënnt virum Nico Rosberg, 3. gëtt de Sergio Perez.

De Lewis Hamilton huet dee besseren Depart erwëscht an direkt den Nico Rosberg iwwerholl. Och de Felipe Massa ass exzellent fortkomm an huet sech vun der 7. op déi 2. Plaz no vir gedréckt.

Laang konnt de Williams-Pilot sech awer net op senger 2. Plaz halen. Séier huet de Rosberg de Brasilianer nees iwwerholl. Déi 2 Mercedes-Piloten hu sech no an no vum Rescht vum Feld konnten ofsetzen.

Hannendru war et de Sergio Perez, deen de Felipe Massa iwwerholl huet a sech sou déi 3. Plaz geséchert huet.

Den Hamilton an de Rosberg hu sech fir hiren Deel en Duell um Limit geliwwert mat spektakuläre Manöveren an de Ronnen 18 an 19.

Am 41. Tour gouf d’Course dunn ofgebremst, dat duerch een dach zimlech spektakulären Accident vum Gutierrez, dee vum Maldonado ofgeschoss gi war. D’Konsequenz war eng Safety-Car-Phase, de Maldonado fir säin Deel krut eng 10 Sekonne-Strof.

Eréischt am 48. Tour gouf d’Course dunn nei lancéiert – Hamilton, Rosberg, Perez waren deen Ament déi 3 éischt.

Déi 2 Co-Equipieren hu sech bis zum Schluss vun der Course absolut näischt geschenkt. Ëmmer nees huet de Rosberg attackéiert, ma den Hamilton huet konsequent dogéint gehalen.

Um Enn gewënnt de Lewis Hamilton virum Nico Rosberg an dem Sergio Perez.