Den Directeur sportif vun der Formel 1-Ecurie Ferrari, de Stefano Domenicali huet wéinst de schlechte Resultater demissionéiert.

An den éischten 3 Coursse vum Formel-1-Championat, hunn et d'Ferrari-Pilote Fernando Alonso a Kimi Raikkoenen bis ewell net op de Podium gepackt.

D'Formel 1-Team waart zanter 2007 op en neie Weltmeeschtertitel.

Den Domenicali huet 23 Joer fir Ferrari geschafft.

Successeur gëtt de Marco Mattiacci, deen ze lescht Chef vu Ferrari Nordamerika war.