De britesche Mercedes-Pilot war um Samschdeg op där naasser Pist bal 0,6 Sekonne méi séier wéi den Australier Ricciardo.

Op drëtter Plaz ass den Däitsche Sebastian Vettel an de Leader vum Championnat, den Nico Rosberg fiert vun der véierter Plaz fort.

Dat hei ass déi 4. Course vun der Saison an et ass schonn déi 3. Pole Position fir de Louis Hamilton.

Et ass och schonn déi 34. a senger Carrière an et gi just 3 Piloten, déi der méi hate wéi hien. Dat sinn de Michael Schumacher, den Ayrton Senna an de Sebastian Vettel.