Nees eng Duebel-Victoire fir Mercedes. De Lewis Hamilton gewënnt zu Shanghai virum Nico Rosberg, 3. gëtt de Fernando Alonso op Ferrari.

De Romain Grosjean (Lotus) huet am 29. Tour missten opginn.
Um Enn gewënnt also de Brit Lewis Hamilton virum Däitschen Nico Rosberg an dem Spuenier Fernando Alonso.

Fir Mercedes ass et eng 3. Duebel-Victoire hannerteneen. Dat huet et an der Formel 1 zënter 10 Joer net méi ginn.

Fir Ferrari ass et endlech e Retour um Podium.

De Weltmeeschter Sebastian Vettel (Red Bull) gëtt 5., nees hannert sengem Team-Kolleg Daniel Ricciardo, deen als 4. iwwert d'Arrivée fiert.

Grousse Präis vu China zu Shanghai
De Lewis Hamilton gewennt de Grand Prix vu China virum Nico Rosberg an dem Fernando Alonso