De Mercedes-Pilot start um Sonndeg vun der éischter Plaz aus. Als Zweete fiert de WM-Leader Lewis Hamilton fort.

Als Drëtten huet sech de Red-Bull-Pilot Daniel Ricciardo qualifizéiert, Véierten ass de Weltmeeschter Sebastian Vettel.

An der drëtter Startrei stinn d'Ferrarie vum Fernando Alonso an dem Kimi Räikkönen.

Déi zwee Lotusse vum Romain Grosjean a Pastor Maldonando stinn op de Plaze 14 a 15.

RTL

Eng Enquête war géint de Rosberg ageleet ginn, well e sech verbremst hat - e Fuerfeeler, deen dono aner Piloten Zäit kascht huet. D'Saach hat awer keng Suitte fir hien, e behält d'Pole.