Formel 1
Victoire fir Red Bull, Hamilton gëtt op

Beim Grousse Präis vu Kanada wor den Daniel Ricciardo (RedBull) dee séiersten. Den Hamilton huet wéinst techneschen Problemer fréizäiteg missen ophalen.
Den Daniel Ricciardo (Red Bull) klasséiert sech virum Nico Rosberg (Mercedes) an dem Weltmeeschter Sebastian Vettel (Red Bull). De Romain Grosjean op Lotus gëtt 15.
Et ass déi éischt Victoire fir de Daniel Ricciardo an déi éischt Victoire fir Red Bull an dëser Saison.
An der leschter Ronn gouf et nach eng Kollisioun tëscht dem Massa an dem Perez. Et gouf awer kee Verletzten.
Am meeschte gelies