An der Formel 1 soll vum nächste Joer un de grousse Preis vun Däitschland ëmmer um Nürburgring gefuer ginn.

Dorobber hu sech de Formel 1-Chef Bernie Eccelstone, an de Besëtzer vum Circuit gëeenegt. Um Hockenheimring, gi se awer dovun aus, datt de Grand Prix 2016 an 2018 awer nach bei hinnen ass. Déi zwee Circuiten wiessele sech jo all Joer of.