D'Kinneksklass ass zeréck an Éisträich

Dëse Weekend ass de Grousse Präis vun Éisträich zu Spielberg. 11 Joer gouf elo keng Formel 1 Course méi an der Alperepublik gefuer.
De Circuit gouf vum Dieter Mateschitz, Chef vu Red Bull, komplett nei amenagéiert.
De Patron vu Red Bull, den Dieter Mateschitz, huet 2004 de Circuit kaf a komplett nei gemaach. De Weekend ass et deemno den Heem-Grand Prix fir de Weltmeeschter Sebastian Vettel.
Den Däitsche war sech de Circuit mat der fréierer Éisträichescher Formel-1-Ikon Gerhard Berger ukucken.
Fir déi meescht aktuell Formel-1-Pilote gëtt et e Sonndeg zu Spielberg eng Premiere, och fir de Romain Grosjean vun der Ecurie Lotus:
"Premier tour de piste à pied ce matin, découverte de cette partie de l'Autriche, magnifique avec les montagnes qui sont autour du circuit, ça fait vraiment des images fantastiques. Ensuite un circuit intéressant avec beaucoup de montées et de descentes, bien plus que ce que l'on pourrait croire quand on regarde les images des caméras embraquées. Plutôt sympa et des virages assez difficiles à négocier."
Spielberg ass e richteg usprochsvolle Circuit.
"On a un mix de grandes lignes droites avec ses gros freinages. Et toute la partie intérieure du circuit, qui est plutôt rapide, où on va vouloir avoir de la pyrodynamique, mais on veut pas la trainer en ligne droite. Il va falloir trouver le juste équilibre. Ca va être intéressant de rouler ici, de découvrir... C'est toujours beaucoup de plaisir."
Dee leschte Pilot, deen an der Formel 1, de Grousse Präis vun Éisträich gewonnen hat, war 2003, de Rekordweltmeeschter Michael Schumacher.

Dem Michael Schumacher säi Ferrarri zu Spielberg de 17. Mee 2003.