Den Nico Rosberg op Merceds konnt sech am Qualifying duerchsetzen. Nieft him an der éischter Rei steet de Sebastian Vettel op Red Bull.

Mat enger décker Iwwerraschung huet de Qualifying zu Silverstone ugefaangen: Bottas a Massa, béid op Williams, souwéi Alonso a Räikkönen op Ferrari hunn et net an de Q2 gepackt. Den aktuelle Weltmeeschter Sebastian Vettel hat Chance, hien huet sech mat sengem Red Bull sou grad fir de Q2 qualifizéiere kënnen. D'Iwwerraschunge vum éischten Deel vun der Qualifikatioun waren awer déi zwee Pilote vu Marussia, Bianchi an Chilton, déi op d'Plaze 4 a 6 no fir gefuer sinn.

Déi zwee konnte sech am Q2 awer net méi vir festbäissen a falen zesumme mam Grosjean, Gutierrez, Maldonado a Sutil eraus. Am leschten Deel vun der Qualifikatioun war erëm d'Fro, ween sech géint déi staark Mercedesen vum Hamilton a Rosberg kéint behaapten. Kuerz viru Schluss huet alles no enger éischter Rei fir Mercedes ausgesinn, mä fënnef Piloten konnten an hirer leschter Ronn d'Zäit vum Hamilton ënnerbidden.

De Rosberg start als éischte virum Vettel an dem Lokalmatador Button. Den Hülkenberg an de Magnussen konnte sech och nach virun den Hamilton stellen. Beschte Lotus ass de Grosjean op 11, deen sech géint déi den zwee Iwwerraschungspilote vu Marussia behaapte konnt. De Massa geet als 18. an d'Rennen, direkt virum Alonso an Räikkönen.