Formel 1
Rosberg verlängert Vertrag mat Mercedes

© AFP
Och no 2015 wëll den däitsche Pilot weider fir déi aktuell stäerksten Ecurie an der Formel 1 fueren.
Direkt ëm e puer Joer soll de Vertrag verlängert gi sinn, ouni dat de Rennstall genauer Informatioune wollt matdeelen. Verschidden däitsch Medie wëllen awer méi wëssen a mellen, datt de Rosberg bis 2017 soll ënnerschriwwen hunn a 55 Milliounen Euro an den nächsten dräi Joer soll verdéngen.
Zënter 2010 ass den Nico Rosberg béi Mercedes ënner Vertrag a war doduerch dobäi, wou déi nei Ära ouni MacLaren ugefaang huet, seet den Toto Wolff. Säin Engagement a seng Leeschtung hunn dozou bäigedroen, datt hien elo zu de Spëtzepiloten an der Motorsport-Kinneksklass gehéiert.
Am meeschte gelies