Beim Grousse Präis an Ungarn steet de Nico Rosberg op der Pole Position. Zweeten am Qualifying gouf de Sebatian Vettel op Red Bull.

Als Drëtten huet sech de Williams-Pilot Valterri Bottas qualifizéiert, Véierten ass den Daniel Ricciardo op Red Bull.

An der drëtter Startrei stinn de Fernando Alonso op Ferrari an de Felipe Massa op Williams.

Déi zwee Lotusse vum Romain Grosjean a Pastor Maldonando stinn op de Plaze 15 an 22.

RTL

Dem Lewis Hamilton säi Mercedes ass direkt am Ufank vum Qualifying a Flamen opgaang. De Brit geet als Zweetleschten an d'Course, just virum Pastor Maldonado um zweete Lotus.

Den Depart vum leschte Grand-Prix virun der Summerpaus ass um Sonndeg de Mëtteg um 14 Auer.

RTL

De Qualifying an der Iwwersiicht:

Den 31. August ass jo zu Lëtzebuerg déi zweeten Editioun vun der Roadshow. Als Highlight ass jo d'Formel-1-Ecurie Lotus op Belval. Als Kiischt um Kuch kënnt de Pilot Romain Grosjean op de Circuit vun der Suessemer Gemeng.