Den hollänneschen Teenager huet bei dem Schwesterstall vu Red Bull e Vertrag fir déi nächst Saison ënnerschriwwen. Hie krut eng Stammplaz bei Toro Rosso.

An der nächster Saison wäert de Max Verstappen, dann am Alter vu 17 Joer, fir Toro Rosso un de Start goen. Hie krit d'Plaz vum Fransous Jean-Eric Vergne a gëtt den neien Teamkolleg vum 20 Joer ale Russ Danill Kwjat.

Domadder wäert hien de jéngste Formel 1 Pilot sinn, dee bis elo bei engem Grand-Prix un de Start gaang ass. Aktuell hält dëse Rekord de Spuenier Jaime Alguersuari, deen 2009 am Alter vun 19 Joer och fir Toro Rosso gefuer ass.

De Max Verstappen fiert aktuell an der Formel 3 Europa an huet déi lescht Saison d'Kaart Weltmeeschterschaft gewonnen. Och an der Formel 3 huet hei scho fir Opreegung gesuecht. Als Rookie ass hien am Moment Zweeten am Championat an huet schonn aacht Victoiren agefuer. Do ass et scho bal logesch, dat net nëmmen Toro Rosso hannert him hier war.

Och aner Formel 1 Ecurie wollten de Max Verstappe verflichten, mä hien an och säi Papp hate bei Toro Rosso dat beschte Gefill. Si hunn aktuell e gudden Auto, wou een sech weise kann. Enplus sinn den aktuelle Weltmeeschter Sebastian Vettel an den Daniel Ricciardo e gutt Virbild, well si allen Zwee hunn de Sprong vun Toro Rosso bei Red Bull gepackt an sech do eng Stammplaz erfuer.