Den Daniel Ricciardo (Red Bull) gewënnt de Grousse Präis vun der Belsch, dat virum Nico Rosberg (Mercedes) an dem Valtteri Bottas (Williams).

Fir den Nico Rosberg, dee sech am Qualifying d’Pole geséchert hat, huet d’Course net gutt ugefaangen. De Leader am General gouf direkt um Depart vum Lewis Hamilton an och vum Sebastian Vettel iwwerholl. De Vettel koum awer vun der Streck of an de Rosberg ass direkt nees laanscht gezunn.

Dass de Lewis Hamilton an den Nico Rosberg net déi beschte Kollege sinn, huet sech och um Sonndeg nees däitlech gewisen. Déi 2 Mercedes-Piloten hu sech op der Streck näischt geschenkt a sou koum et direkt am Ufank vun der Course zu enger Beréierung bei där ee Pneu um Hamilton sengem Auto futti gefuer ass.

De Rosberg ass an der 7. Ronn an d’Box gefuer well beim Manöver mam Lewis Hamilton de viischte Spoiler beschiedegt gi war.

Dono gouf et en éischter seelent Bild an dëser Saison. Déi zwee Red Bull-Piloten Daniel Ricciardo a Sebastian Vettel loungen zesummen un der Spëtzt.

Relativ fréi sinn d’Spëtzeleit eng éischte Kéier an d’Box gefuer an un der Spëtzt goung et hin an hir. Un der Spëtzt huet sech ee spannenden Duell tëschen dem Daniel Ricciardo an dem Nico Rosberg entwéckelt.

Den Australier konnt sech eng Avance vu ronn 20 Sekonnen erausfueren ma de Rosberg huet nach eemol alles probéiert fir un de Red Bull-Pilot erun ze kommen.

Um Enn gewënnt den Daniel Ricciardo säin 3. Grand Prix vun der Saison, dat virum Nico Rosberg an dem Valtteri Bottas.

Am General huet den Nico Rosberg 29 Punkten Avance op säi Co-Equipier Lewis Hamilton, deen d'Course no de Problemer direkt am Ufank schlussendlech net op een Enn gefuer ass, a 64 Punkte Virsprong op den Daniel Ricciardo.

VIDEO: Grand Prix vun der Belsch
Zu Spa Franchorchamps gewennt den Australier Daniel Ricciardo de Grousse Präis an der Formel 1