Mercedes dominéiert d'Qualifikatioun - Hamilton viru Rosberg

© AFP
D'Pole Positioun huet sech den Lewis Hamilton geholl. Hannert him steet säin Teamkollege Nico Rosberg an déi zwee staark Williams-Pilote Bottas a Massa.
Am Q1 gouf et wat d'Ausfäll betrëfft wéineg Iwwerraschungen. Déi zwee Lotusen, zesumme mat béide Marussia a Caterham konnte sech net fir déi nächst Ronn qualifizéieren.
Sechs weider Piloten huet et am Q2 nach emol erwëscht. Béid Sauber an och déi zwee Toro Rosso hunn déi nächst Ronn net erreecht. Do bleift ze soen, datt de Russ Daniil Kwjat nach 10 Plaze versat gëtt, well hien d'Getriebe gewiesselt huet. Och de Kimi Räikkönen op Ferrari an den Nico Hülkenberg op Force India hunn et net ënner d'Top 10 gepackt.
An der leschter Qualifikatiounsronn waren et nees déi zwee Mercedesen, Hamilton viru Rosberg, déi dominéiert hunn. Och déi zwee Williams, mam Bottas a Massa, hunn sech wäit no vir gekämpft. Hannert hinnen stinn dann déi zwee McLaren virum Fernando Alonso op Plaz 7. Dëse konnt sech an de leschte Sekonnen nach virun de Vettel a Ricciardo drécken, déi d'Plazen 8 an 9 beleeën. Als Zéngten um Sonndeg start de Perez op Force India.
Startopstellung no der Qualifikatioun fir de Grand-Prix vu Monza (Italien):
01. Hamilton - Mercedes GP
02. Rosberg - Mercedes GP
03. Bottas - Williams
04. Massa - Williams
05. Magnussen - McLaren
06. Button - McLaren
07. Alonso - Ferrari
08. Vettel - Red Bull
09. Ricciardo - Red Bull
10. Perez - Force India
11. Kwjat - Toro Rosso - Gëtt wuel versat op Plaz 21
12. Räikkönen - Ferrari
13. Verge - Toro Rosso
14. Hülkenberg - Force India
15. Sutil - Sauber
16. Gutierrez - Sauber
17. Maldonado - Lotus
18. Grosjean - Lotus
19. Kobayashi - Caterham
20. Bianchi - Marussia
21. Chilton - Marussia
22. Ericson - Caterham