De Luca Cordero di Montezemolo huet um Mëttwoch via Communiqué annoncéiert, den Autoskonstrukteur an d'Formel 1 Team op den 13. Oktober ze verloossen.

D'Presidence vu Ferrari soll vun do u vum Patron vu Fiat Sergio Marchionne assuréiert ginn.

De Montezemolo stoung 23 Joer laang un der Spëtzt vu Ferrari a bezilt mat sengem Depart wuel de Präis derfir, datt Ferrari déi lescht 6 Joer an der F1 keng Resultater gewisen huet. Nach um Weekend hat et geheescht, datt kee Changement geplangt wier, an datt den Montezemolo weider 3 Joer wéilt un der Spëtzt vun der italienescher Luxus-Mark bleiwen. Esou séier kann et also goen ... de Mythos Ferrari fuerdert seng Affer mat nëmmen engem Titel bannent 10 Joer an der Kinneksklass.