Fiert de Fernando Alonso eventuell déi nächst Saison fir d'Lëtzebuerger Formel 1 Ecurie Lotus?

Wéi et an der auslännescher Press heescht, wier d'Atmosphäre beim Spuenier senger aktueller Equipe Ferrari weider ugespaant a chaotesch.

De Fernando Alonso ass onzefridde mam Team an och mat sengem Auto.

An et heescht, de Manager vum fréiere Weltmeeschter, de Flavio Briatore hätt scho Gespréicher mam Gérard Lopez senger Ecurie gehat.

Lotus soll d'nächst Joer mat Mercedes-Motore fueren.