Michael Schumacher
Go Pro-Kamera op sengem Helm Schold un uerge Blessuren?

De Michael Schumacher huet sech virun 10 Méint sou uerg um Kapp blesséiert wéinst der Go Pro Kamera op sengem Helm.
Dat wëll de bekannte Formel 1 Journalist Jean-Louis Moncet wëssen. Hie sot dat um Freideg an engem Interview op Europe 1.
Hie krut dat vum Bouf vum Michael Schumacher gesot, deen ass 15 Joer al. De Stativ vun der klenger Kamera um Helm wär also Schold un den uerge Gehir-Verletzungen. Säi Papp géiff lues an douce erwächen, hätt säi Bouf, de Mick Schumacher him erzielt.
Am meeschte gelies