Beim Grand-Prix zu Sotchi ass de Lewis Hamilton um Mercedes um Sonndeg op der Pole Position.

Zweete war säin Equipier Nico Rosberg, Drëtten gëtt de Valtteri Bottas um Williams. De Sebastian Vettel ass schonn am 2. Deel vun der Qualifikatioun eraus gewiescht.

De Lewis Hamilton ass den Ament vir an der WM mat 10 Punkten.