De Brit Lewis Hamilton um Mercedes wënnt den éischte Grand-Prix zu Sotschi. Zweete gëtt säin Equipier Nico Rosberg, Drëtten de Valtteri Bottas um Williams.

Virun der Course war eng Zeremonie vun de Pilote fir de Jules Bianchi, deen de leschte Weekend ee schlëmmen Accident hat an nach am Spidol läit.

Beim Depart a beim Haaptduell tëscht den 2 Mercedes-Piloten, déi Weltmeeschter kënne ginn, huet de Nico Rosberg de Lewis Hamilton zwar iwwerholl, mä sech direkt duerno duerch ee Bremsfeeler ee Platte geholl. Hien huet sech missen nei haart Pneue siche goen.

Wéi erwaart konnt sech de Lewis Hamilton an den nächste Ronnen ofsetzen. De Valtteri Bottas um Williams konnt e puer Ronne mathalen. Mee de Lewis Hamilton konnt nach bis d'Ronn 27 mat dem 1. Saz Pneue weiderfueren. Hie konnt bis dohinner och eng séierst Ronn no der Anerer weisen.

An der Ronn 31 war den Nico Rosberg, dee mat sengem 2. Saz Pneue jo quasi zënter dem Ufank vun der Course ënnerwee war, vun der Plaz 21 hannert dem Zweete Bottas ukomm an huet deen du beim Iwwerhuele vun der Pist gedréckt, gouf dofir awer net bestrooft. Den Nico Rosberg ass duerchgefuer.

Mercedes huet mat där Duebel-Victoire de Konstrukteurs-Titel an der WM gewonn.

  Lewis HamiltonMercedes53Winner  
2 Nico RosbergMercedes53+13.6 secs  
3 Valtteri BottasWilliams-Mercedes53+17.4 secs  
4 Jenson ButtonMcLaren-Mercedes53+30.2 secs  
5 Kevin MagnussenMcLaren-Mercedes53+53.6 secs  
6 Fernando AlonsoFerrari53+60.0 secs  
7 Daniel RicciardoRed Bull Racing-Renault53+61.8 secs  
8 Sebastian VettelRed Bull Racing-Renault53+66.1 secs  
9 Kimi RäikkönenFerrari53+78.8 secs  
10 Sergio PerezForce India-Mercedes53+80.0 secs  
11 Felipe MassaWilliams-Mercedes +80.8 secs  
12 Nico HulkenbergForce India-Mercedes +81.3 secs  
13 Jean-Eric VergneSTR-Renault +97.2 secs  
14 Daniil KvyatSTR-Renault +1 Lap  
15 Esteban GutierrezSauber-Ferrari +1 Lap  
16 Adrian SutilSauber-Ferrari +1 Lap  
17 Romain GrosjeanLotus-Renault +1 Lap  
18 Pastor MaldonadoLotus-Renault +1 Lap  
19 Marcus EricssonCaterham-Renault +2 Lap  
Ret Kamui KobayashiCaterham-Renault +32 Laps  
Ret Max ChiltonMarussia-Ferrari +44 Laps