Dementi Formel 1-Ecurie Marussia
"Mir hunn dem Bianchi net gesot, hie soll méi séier fueren"

D'Ecurie huet vehement Informatiounen zeréckgewisen, deemno de Jules Bianchi viru sengem Accident zu Suzuka opgefuerdert gi wier, méi séier ze fueren.
Wéi et an engem Communiqué heescht, wier dee 25 Joer ale Fransous méi lues gefuer, wéi während der Course de 5. Oktober, zweemol de giele Fändel gewise gouf. D'Formel 1-Ecurie wier schockéiert a rosen iwwert des Virwërf. Si wiere komplett falsch. D'Sport-Bild hat gemellt, dass de Jules Bianchi vu sengem Team opgefuerdert gi wier, Gas ze ginn, fir méi séier wéi ee Rival ze sinn.
Am meeschte gelies