Den fréiere Chef vu Ferrari, de Luca di Montezemolo, huet an engem Interview gesot, datt Ferrari an de Fernando Alonso getrennte Weeër wäerte goen.

Dem Montezemolo no ginn et zwee Grënn, wisou den Alonso net bei Ferrari bleift. Éischtens wëll hie sech mat engem neien Ëmfeld auserneesetzen an zweetens ass hien an engem Alter, wou hien net méi waarde kann, nees ze gewannen. Dowéinst muss de Fernando Alonso eppes änneren.

Ouni Alonso wier bei Ferrari eng Plaz fräi, vläicht fir den Nach-Weltmeeschter Vettel, dee jo säi Vertrag bei Red-Bull net verlängert huet.