Caterham a Marussia si faillite

De Max Chilton a sengem Marussia op der Piste zu Sochi, Russland. / © AFP
Beim Grousse Präis vun Austin an der USA ginn d'Ecurie vu Caterham a Marussia net méi un den Depart. Grond dofir si finanziell Problemer.
De gréisste Problem an der Formel 1 ass den Ënnerscheed vum Budget, deen déi verschidden Teams hunn. Do kommen natierlech vill Suen duerch Sponsoren eran, awer och de Formel 1-Bedreiwer selwer gëtt finanziell Mëttel. Dës gi verdeelt jee no de Plazéierungen an de Courssen an um Ënn vun der Saison. Dofir kréien Top-Teams, déi sech dacks an de Punkte plazéieren, méi Suen, wéi déi méi kleng Teams.
Donieft ginn et Gerüchter, déi och scho Fachzäitschrëften opgegraff hunn, datt Ferrari, Red Bull, Mercedes, McLaren a Williams vum Formel 1-Chef Bernie Ecclestone dacks nach sougenannte "Sonderzahlungen" kréien. Doduerch gëtt och an dësem Sport d'Schéier tëscht aarmen a räichen Ecurien ëmmer méi grouss.
An och ass déi ganz Formel 1 doduerch op engem finanziellen Niveau net méi fair, wat och den fréiere FIA-Chef Max Mosley an engem BBC-Interview sot. Him no géif dëst gär dozou féieren, datt klengen Teams iergendwann d'Suen ausginn a si dowéinst an der Saison mussen opginn. Dowéinst sollen d'Maximalausgaben vun den Ecurie pro Joer limitéiert ginn. Dofir setzt sech dem Mosley säi Successeur, de Jean Todt, an, mä Ferrari a Red Bull wiere sech géint esou eng Regelung.

De Marcus Ericsson op sengem Caterham zu Sochi. / © AFP
De Promoter vun der Formel 1 Bernie Ecclestone gesäit dat anescht. Fir hien ass et kloer, wann s de der d'Formel 1 net leeschte kanns, da solls de net am Geschäft mat dobäi sinn. Fir fir méi Spannung ze suergen, huet den 81 Joer ale Britt eng aner Virstellung, wéi de Jean Todt. Hie wëll déi kleng Ecurien ersetzen, andeems déi grouss Teams mat engem drëtten Auto un de Start dierfe goen, soubal manner wéi 20 Autoen um Depart sinn.
Den Ecclestone wëll et mat engem Vertrag léisen, sou datt da Ferrari, RedBull a McLaren als Éischt missten asprangen. Do sinn awer vill aner Ecurien net domatt averstanen. D'Claire Williams fënnt, datt et besser wier, 10 Teams mat 2 Autoe fueren ze loossen, wéi datt dräi Ecurien nach mussen e weideren Auto stellen. De Vijay Mallya vu Force-India mengt, datt ee grondsätzlech eppes misst änneren, fir datt all Team an der Formel 1 fueren an iwwerliewe kann.
Fir Caterham a Marussia gëtt et am Moment just een Zil. Nei Sponsore fannen, fir d'Saison iwwer d'Ronnen ze kommen a sech wa méiglech, fir déi nächst Saison schonn ofzesécheren. Béid sinn 2010 an d'Formel 1 komm. Mat hinnen zesumme sollt deemools och Team US un de Start goen, mä aus finanzielle Grënn huet dës Ecurie ni e Parcours am Formel 1-Zirkus gesinn.
An der Saison 2016 soll mat Haas F1 Racing eng nei Ecurie dobäi kommen. De Besëtzer, den US-Entrepreneur Francis Haas, wëll aus de Feeler vu Caterham a Marussia léieren a mat senger Ecurie näischt iwwerstierzen. Dofir geet d'Team och eréischt 2016, an net wéi geplangt schonn 2015, un den Depart.
Mat Ferrari konnt den Amerikaner awer schonn e wichtege Partner u seng Säit kréien. Haas F1 Racing soll als Ferrari B-Team an der Formel 1 fueren a kann esou vum Know-How vum Formel 1-Dino profitéieren. Zil vum neien Team ass et, sech finanziell ofzesécheren an an der Formel 1 dobäi kënnen ze bleiwen. Eng Victoire an den éischte fënnef Joer wier e risegen Erfolleg, sou de Besëtzer weider.