Beim Grand-Prix zu Austin an den USA steet de Nico Rosberg e Sonndeg op der Pole Position. Zweeten am Qualifying gouf de Lewis Hamilton.

Do hannendrun de Valtteri Bottas an de Felipe Massa, allebéid op Williams. De Sebastian Vettel ass schonn am 1. Deel vun der Qualifikatioun eraus gewiescht.

Déi zwee Lotusse vum Pastor Maldonando a Romain Grosjean stinn op de Plaze 11 an 18.

De Lewis Hamilton ass den Ament vir an der WM mat 17 Punkten.

Am Q1 gouf et wat d'Ausfäll betrëfft wéineg Iwwerraschungen. De Romain Grosjean, Sebastian Vettel, Esteban Gutierrez an de Jean-Eric Vergne konnte sech net fir déi nächst Ronn qualifizéieren.

Véier weider Piloten huet et am Q2 nach emol erwëscht. Hei haten sech souwuel de Pastor Maldonado, Sergio Perez, Nico Hülkenberg wéi och den Danill Kvyat net méi fir déi lescht Ronn qualifizéiert.

D'Resultater vum Qualifying an der Iwwersiicht: