Victoire fir de Lewis Hamilton

De Lewis Hamilton wënnt de Grousse Präis an den USA. Mam Mercedes-Pilot um Podium sti säi Co-Equipier Nico Rosberg souwéi den Daniel Ricciardo.
Duerch séng fënneft Victoire hannerteneen kann den 29 Joer ale Brit seng Avance op de Rosberg am WM-Klassement op 24 Punkten ausbauen an huet elo ganz gutt Chancen an dräi Wochen säin zweete WM-Titel zu Abu Dhabi ze feieren.
Dobäi stoung de Rosberg op der Pole Position a konnt seng Plaz och an der éischter Kéier verdeedegen. Um Enn vun der éischter Ronn ass et dunn zu éischten Turbulenze komm, wéi de Sergio Perez (Force India) am hënneschten Deel vum Feld als éischt de Kimi Räikkönnen touchéiert an dono den Adrian Sutil (Sauber) ofgeraumt huet.
De Safety Car ass op d'Streck komm a vill Piloten hunn déi Phase genotzt fir hir Pneuen direkt ze wiesselen.
Dat alles entscheedend Manöver sollt sech an der 24. Ronn ofspillen. Kuerz virun der 12. Kéier huet den Hamilton DRS-Zone genotzt fir de Rosberg ze iwwerhuelen. Den 29 Joer alen Däitschen ass um Hamilton drubliwwen, konnt de Retard allerdéngs ni ënnert véier Sekonnen drécken.
Eng exzellent Course ass och de Sebastian Vettel gefuer. Obwuel de Weltmeeschter als Allerleschten aus der Boxegaass gestart ass, huet den Däitschen et fäerdeg bruecht sech nach als gudde 7. ze klasséieren.
Vill Pech dogéint hat alt erem de Lotus-Pilot Romain Grosjean. De Fransous louch op der 9. Plaz éier de Jean-Eric Vergne (Toro Rosso) him e puer Ronne viru Schluss an d'Säit gefuer ass. De Grosjean kéint allerdéngs nach no vir rutsche, falls d'Commissairen de Vergne bestrofen. Den zweete Lotus-Pilot Pastor Maldonado klasséiert sech awer ëmmerhin als 10.
Nächst Woch geet et da mam GP vu Brasilien weider, éier spéitstens den 23. November eng Entscheedung ëm de WM-Titel bei der leschter Course zu Abu Dhabi fale wäert.
1 | Lewis Hamilton | Mercedes | 56/56 | Winner | |||
2 | Nico Rosberg | Mercedes | +4,3 | ||||
3 | Daniel Ricciardo | Red Bull Racing-Renault | +25,5 | ||||
4 | Felipe Massa | Williams-Mercedes | +26,9 | ||||
5 | Valtteri Bottas | Williams-Mercedes | +30,9 | ||||
6 | Fernando Alonso | Ferrari | +95,2 | ||||
7 | Sebastian Vettel | Red Bull Racing-Renault | +95,7 | ||||
8 | Kevin Magnussen | McLaren | +100,6 | ||||
9 | Jean-Eric Vergne | Toro Rosso | +103,8 | ||||
10 | Pastor Maldonado | Lotus-Renault | +107,8 | ||||
11 | Romain Grosjean | Lotus-Renault | +1 Lap | ||||
12 | Jenson Button | McLaren | +1 Lap | ||||
13 | Kimi Räikkönnen | Ferrari | +1 Lap | ||||
14 | Esteban Gutierrez | Sauber | +1 Lap | ||||
15 | Daniel Kwjat | Toro Rosso | +1 Lap | ||||
16 | Nico Hülkenberg | Force India | DNF | ||||
17 | Sergio Perez | Force India | DNF | ||||
18 | Adrian Sutil | Sauber | DNF | ||||
Marussia a Caterham hu sech aus finanzielle Grënn zeréckgezunn.