Dat huet de fréiere Formel-1-Pilot Philippe Streiff op Europe 1 gesot. De Streiff selwer ass och no engem schwéieren Accident querschnittsgelähmt.

De Michael Schumacher sëtzt am Rollstull a kann net schwätzen, sot de Philippe Streiff um Dënschdeg op Europe 1.

De Rekordweltmeeschter war jo am Dezember zejoert beim Skifueren schwéier gefall a war duerno 5 Méint am Koma. No sengem Openthalt zu Lausanne an der Uni-Klinik ass de 45 Joer alen Däitsche bei sech Heem verluecht ginn.

De Streiff, dee selwer no engem schwéieren Accident querschnittsgelähmt ass, sot de Schumi wär paralyséiert an hätt och Problemer, fir sech u Saachen ze erënneren.