Grosjean verlängert bei Lotus - a wat ass mam Vettel?

© AFP
Wat e Gedeessems: D'Scuderia Ferrari kënnegt Changementer un an da fält eng Noriichtenagence op e Fake-Twitter-Account eran ...
Nach ass den Nach-Weltmeeschter Sebastian Vettel kee Ferraristi! Datt e soll bei Ferrari wiesselen, dat ass gewosst. An datt dat elo offiziell ass, dat hate vill international Medien an och mir selwer iwwerholl. Allerdéngs war déi däitsch Noriichtenagence dpa an dësem Fall op e Fake-Twitter-Account eragefall.
Allerdéngs hat Ferrari virdrun op hirem offiziellen Twitteraccount Changementer annoncéiert ...
Sollt sech also de Wiessel bestätegen, géif de Sebastian Vettel den neien Teamkollege vum Kimi Räikkönen ginn.
Deem säin Nach-Teamkollege Fernando Alonso wiesselt mat grousser Wahrscheinlechkeet bei McLaren.
Bei Lotus dogéint huet een vun e Mëttwoch u méi Sécherheet an der Planung fir d'Saison 2015. Nieft dem Pastor Maldonado bleift och de Fransous Romain Grosjean bei der Ecurie.
