Formel 1
Bianchi aus dem kënschtleche Koma erwächt

© AFP
De jonke Formel 1 Pilot aus Frankräich, deen de 5. Oktober e schwéieren Accident hat, ass aus dem Koma erwächt.
Beim grousse Präis vu Japan war de jonke Pilot vun der Ecurie Marussia an en Trakter gerannt, deen amgaang war en aneren Auto ze biergen.
De Bianchi gouf direkt an d'Spidol bruecht an Noutoperéiert. Zënter deem Moment louch de Fransous am kënschtleche Koma.
Wéi seng Famill der Press matgedeelt huet, ass hien aus dem Koma eraus, an dat hien nom Accident geluecht gouf, mä hien ass awer nach ëmmer vu sech. De Jules Bianchi kéint awer schonn ouni Hëllef otmen a seng Wäerter wiere stabil. Dowéinst konnt en hien och viru kuerzem an d'Spidol op Nice verleeën.
Am meeschte gelies