No 19 Grand-Prixen, geet d'Formel 1 Saison e Sonndeg den Owend mam Grousse Preis vun Abu Dhabi op en.

Eréischt e Sonndeg kenne mer den neie Weltmeeschter. Sécher ass, datt den Sebastien Vettel säin Titel net verdeedege wäert a sécher ass och, datt entweder de Brit Lewis Hamilton oder den Däitschen Nico Rosberg d'Weltmeeschterkroun wäert opdoen.

AUDIO: Finale Formel 1 / Reportage Franky Hippert

An genee esou sécher ass deemno och, datt een vun de Mercedes-Piloten feieren däerf. Fir de Lewis Hamilton wär et deen zweeten Titel no 2008. De Brit, dee bei enger Victoire vum Rosberg zweete muss ginn, spiert keen Drock, hie muss just maachen, wat hie maache muss.

Drock ass awer genee dat, wat den Nico Rosberg bis e Sonndeg den Owend op säin Equipier wëll ausüben. Hie muss einfach ëmmer virun him sinn, fir den Drock sou Héich wéi méiglech ze halen. Wann hien de Lewis Hamilton déi ganzen Zäit ënner Drock ka setzen, kann hien och nach d'Meeschterschaft gewannen. Den 29 Joer alen Däitschen gleeft op jiddwerfalls drun, säin éischte WM-Titel gewannen ze kënnen. Am Sport kann zum Schluss nämlech alles nach passéieren.

Déi lescht Course ass et no 6 Joer bei Red Bull, fir den Champion-Sortant, a véierfachen Weltmeeschter Sebastian Vettel, deen bei Ferrari geet. Et ass scho komesch just nach ee Rennen ze hunn, mä hien huet net d'Gefill, déi Leit elo ze verloossen. Red Bull an hie verbënnt méi, wéi just de Fait, a wéi eng Garage hie geet, seet den Nach-Weltmeeschter.

Bei der Ecurie Lotus, vun de Lëtzebuerger Geschäftsleit Gerard Lopez an Eric Lux, huet jo lo an der Woch den Fransous Romain Grosjean verlängert. Béid Parteie wollte weider matenee schaffen an et ass och e Beweis vu grousser Stabilitéit, seet de jonke Fransous. Elo heescht et zesummen nees a Richtung Podiumsplazen ze fueren.

D'Finale ëm d'Weltmeeschterkroun ass op jiddwerfalls lancéiert. No deenen zwee éischten fräien Trainingen ass den Hamilton just e puer Dausendstel méi séier wei de Rosberg.