Lewis Hamilton neie Weltmeeschter

De Brit wënnt zu Abu Dhabi a gëtt fir déi zweete Kéier F1-Weltmeeschter. De Nico Rosberg schléift beim Start an huet dono och nach technesch Problemer.
Den Hamilton gewënnt am Wüstestaat ouni Problemer virun deenen zwee Williams-Piloten Felipe Massa a Valtteri Bottas. Den Nico Rosberg fiert no technesche Problemer ofgeschloen als 14. iwwert d'Arrivée.
Virum leschte Grand Prix vun der Saison louch den Hamilton 17 Punkte virum Rosberg. Fir Weltmeeschter ze ginn, hätt den Däitsche misse wannen an hoffen dass de Brit sech net besser wéi als Drëtte klasséiert.
Dem Rosberg seng Hoffnunge sollte sech awer schonns beim Start a Loft opléisen. Den Hamilton huet dee wesentlech besseren Depart erwëscht an huet säin Teamkolleg nach virun der éischter Kéier iwwerholl.
Bis zu sengem éischte Boxestopp an der 11. Ronn huet den Hamilton seng Avance op iwwert zwou Sekonnen ausgebaut, sou dass de Rosberg keng Chance hat de Brit am DRS-Fënster ze iwwerhuelen.
Déi endgülteg Virentscheedung ëm d'WM-Kroun ass dunn an der 25. Ronn gefall, wéi dem Nico Rosberg säin Elektromotor (ERS) de Geescht opginn huet. Mat ronn 160 PS manner konnt den Däitsche Pilot keng normal Renn-Pace méi fueren an huet missen nokucke wéi ee Fuerer nom anere laanscht hie gezunn ass.

Un der Spëtzt ass de Lewis Hamilton dogéint kee Risiko agaangen, huet säi Virsprong iwwerluecht geréiert an de Felipe Massa op ronn zéng Sekonne gehalen.
Fir de Lewis Hamilton, deen des Saison net manner wéi eelef Course gewanne konnt, ass et no 2008 deen zweete WM-Titel. Am Schlussklassement kënnt de Brit op 384 Punkten. Dat sinn der 67 méi wéi säin Däitschen Erausfuerderer (317).
De véierfache Weltmeeschter Sebastian Vettel klasséiert sech a senger leschter Course fir Red Bull als Aachten. Den Däitsche Pilot, dee genau wéi säin Teamkolleg Ricciardo aus der Box gestart war, huet awer alt erëm den internen Duell géint den Australier däitlech verluer. De Ricciardo gët Véierten an der Course a séchert domadder och seng drëtte Plaz am WM-Klassement (238 Punkten).
Fir déi béid Lotus-Piloten sollt et och an der leschter Course net ronn lafen. De Romain Grosjean fiert als 13. iwwert de wäisse Stréch. Beim Pastor Maldonado ass de Motor an der 28. Ronn explodéiert.

D'Klassement zu Abu Dhabi am Detail:
1 | Lewis Hamilton | Mercedes | Winner | ||||
2 | Felipe Massa | Williams-Mercedes | +2,576 | ||||
3 | Valtteri Bottas | Williams-Mercedes | +28,880 | ||||
4 | Daniel Ricciardo | Red Bull Racing-Renault | +37,237 | ||||
5 | Jenson Button | McLaren | +60,334 | ||||
6 | Nico Hülkenberg | Force India | +62,148 | ||||
7 | Sergio Perez | Force India | +71,060 | ||||
8 | Sebastian Vettel | Red Bull Racing-Renault | +72,045 | ||||
9 | Fernando Alonso | Ferrari | +85,813 | ||||
10 | Kimi Räikkönen | Ferrari | +87,820 | ||||
11 | Kevin Magnussen | McLaren | +90,376 | ||||
12 | Jean-Eric Vergne | Toro Rosso | +91,947 | ||||
13 | Romain Grosjean | Lotus | +1 Lap | ||||
14 | Nico Rosberg | Mercedes | +1 Lap | ||||
15 | Esteban Gutierrez | Sauber | +1 Lap | ||||
16 | Adrian Sutil | Sauber | +1 Lap | ||||
17 | Will Stevens | Caterham | +1 Lap | ||||
18 | Kamui Kobayashi | Caterham | DNF | ||||
19 | Pastor Maldonado | Lotus | DNF | ||||
20 | Daniil Kvyat | Toro Rosso | DNF |