Den Alonso gëtt neien Equipier vum Jenson Button. De jonken Dän Kevin Magnussen gouf also net zeréckbehalen.

Den 22 Joer ale Magnussen war 11. ginn an der Saison 2014, 3 Plaze méi schlecht wéi de Button. De Magnussen bleift Test- an Ersazfueren bei McLaren.

A Formel 1-Kreeser heescht et, datt de Fernando Alonso den Jenson Button onbedéngt als Pilot nieft sech wollt hunn.

Et gëtt gemunkelt, datt déi Responsabel vun MCLaren, de Ron Dennis an den Eric Boullier, awer de Kevin Magnussen am 2. Cockpit virgesinn haten.

Deemno hätt sech den zweefache Weltmeeschter mat sengem Wonsch duerchgesat.