Fernando Alonso an Zukunft eng Kéier bei Lotus

© AFP
Den Alonso, dee jo elo fir McLaren-Honda fiert, huet ni e Geheimnis draus gemaach, datt hien vläit eng Kéier op Enstone wéilt zeréck kommen.
Virun 3 Wochen ass d'Formel 1 Saison zu Abu Dhabi mam Weltmeeschtertitel fir de Mercedes-Pilot Lewis Hamilton op en Enn gaangen. D'Preparatioune fir d'nächst Joer, lafe bei den Ecurien. Bei Lotus, vun de Lëtzebuerger Geschäftsleit Gerard Lopez an Eric Lux, wëll een awer keng Saison méi wéi déi lescht.
10 Punkten aus 19 Coursen: 8 fir de Fransous Romain Grosjean an 2 fir Pastor Maldonado aus dem Venezuela. Dat ass grad dem Gerard Lopez definitiv ze wéineg. Obwuel een e gudden Auto, also ee mat vill Oftrieb hat, huet et mam Motto vu Renault net esou geklappt, wéi een dat wollt. Wou d'Ecurie Lotus dunn awer a Gespréicher mat Mercedes gaang ass, huet Renault sech méi op Red Bull an Torro Rosso konzentréiert, wat ee bei Lotus awer och verstan huet.
Ufank der Woch war en Artikel am Wort, datt et Lotus finanziell géif schlecht goen. Et gëtt kee neie Moment par Rapport zu deem, wat zanter deene leschte Jore bekannt ass a seng Formatioun ass déi Privatecruie, déi am beschten do steet, esou de Gerard Lopez. Hien huet misste schmunzelen, wéi hien den Artikel geschéckt krut. Dësen Artikel am Wort war näischt neies. Lotus gouf ëmmer iwwer Scholde finanzéiert, aus comptabeltechnesche Grënn.
Lotus schléisst dëst Joer mat engem Minus vun enger Millioun of an ass domadder déi beschten Equipe an der Formel 1, déi net vun engem décke Sponsor ënnerstëtzt gëtt. An dat ass déi wichteg Informatioun, sou de Gerard Lopez weider.
Bei Lotus huet ee bei de Piloten Romain Grosjean a Pastor Maldonado festgehalen, och wann d'Resultater éischter moer waren. Dat louch awer net un deenen zwee Piloten, seet hire Chef. Déi sinn déi Saison virdrun eigentlech ganz gutt gefuer an haten dës Saison net den Auto, fir sech Vir ze weisen. De Romain Grosjean konnt an de leschte Renne vun der Saison 2013 mat Red Bull mathalen an de Pastor Maldonado konnt soguer e Renne mam Williams gewannen, wat jo zu deem Zäitpunkt net de beschten Auto war.
Um Donneschdeg gouf jo offiziell, datt den Fernando Alonso bei McLaren-Honda wiesselt. Et ka gutt sinn, datt de zweefache Weltmeeschter awer och nach eng Kéier bei Lotus kënnt, esou de Gerard Lopez.
Während der Saison war jo schonn driwwer spekuléiert ginn, datt de Fernando Alonso, d'nächst Joer, bei d'Ecurie vum Lëtzebuerger Geschäftsmann Gerard Lopez kéim. De Fernando Alonso an de Gerard Lopez kenne sech gutt a si Kollegen. Oft schwätze si iwwer Saache, wéi Football, mateneen.
Eng laang Zäit hat den zweefache Weltmeeschter keng Decisioune getraff a sot kloer, datt déi Ecurie, déi him zu den zwee Titele verhollef huet, him um Häerze géing leien. Bei Lotus huet een ëmmer scho gesot, datt ee mam Fernando nach eppes wëll maachen. Wat dat ass, bleift am Moment nach op, sou de Chef vu Lotus.
De Gerard Lopez war jo 2014 och Teamchef vun Lotus. D'nächst Saison soll awer een Aneren deen Posten iwwerhuelen. Dat hätt jo zum Beispill och eppes fir de Fernando Alonso kéinte sinn, woubäi 2015 wuel nach e bësse frei wier, mä an Zukunft kann iergendwann zu eppes kommen.
Sécher ass awer, datt de Gerard Lopez d'Zäit net huet, fir Teamchef ze bleiwen. De Personnage, deen dëse Posten soll iwwerhuelen, ass schonn um Liewen, sou den nach Teamchef am RTL-Interview. Den Numm wësse se bei Lotus awer nach net, well et nach e puer interessant Kandidate ginn
D'nächst Saison gëtt garantéiert besser wéi dëst Joer. E konkreten Objektiv huet ee sech zu Enstone awer net gesat. Kloer ass awer, datt ee Minimum nees an d'Punkte fueren wëll, esou de Gerard Lopez