Et kënnt awer net zum Rekordjoer mat 21 Länner. Südkorea gëtt aus dem Kalenner fir 2015 gestrach.

Wéi d'FIA dem Fachportal autosport.com bestätegt huet, soll an der nächster Saison a Südkorea kee Renne gefuer ginn. Dobäi ginn 2015 20 verschidde Course gefuer, et kënnt also net zu der Rekordsaison.

Et gouf e Problem fir a Südkorea eng nei gutt Stréck ze fannen. Dowéinst war d'Rennen nach provisoresch op de 15. Mee festgeluecht ginn. D'Saison start de 15. Mäerz an Australien, d'Final no 20 Coursen ass den 29. November zu Abu Dhabi.