Éischt Fotoe vum neie Lotus, Ecurie weider mat Problemer

© Lotus F1 Team
D'Formel 1 Ecurie Lotus F1 Team vun de Lëtzebuerger Geschäftsleit Gerard Lopez an Eric Lux, huet éischt Fotoe vun hirem Auto fir déi nei Saison gewisen.
De Frontspoiler mécht en Höcker an ass keen Zweezack méi, wéi nach 2014.
Schwaarz a Gold dominéieren nach ëmmer an de Faarwen, mat un de Spigelen, dem Front an dem Heckspoiler och enger Touche vun Rout.
Bannendran huet den E23-Hybrid jo neierdéngs en Mercedes-Motor.
Déi finanziell Situatioun vum Lotus F1 Team schéngt trotz der neier Saison an dem neien Auto net besser ze ginn. Datt d'Ecurie vun de Lëtzebuerger Geschäftsleit Gérard Lopez an Eric Lux op der Sich no Sponsoren ass, war gewoust.
Ma elo schreift den Internetsite „tomorrownewsf1.com“ konkret Zuele wat d'Finanzlach bei Lotus ugeet.
Sou soll sech en Defizit vu 50 Milliounen Euro an de leschte Méint ugesammelt hunn. Alleng u Sponsore soll e Lach vun 30 Milliounen Euro entstane sinn.