An der Mëttesstonn en Donneschden huet McLaren-Honda hiren neie Formel 1-Won, MP4-30, virgestallt.

Si sinn erëm zesummen, McLaren an Honda a wëllen och en neit Kapitel an der Formel 1 opschloen. Dofir hu se mam Fernando Alonso, Jenson Button a Kevin Magnussen dräi Piloten, déi an der Formel 1 vir bäi fuere kënnen.

Dat erméigleche soll hinnen den neien McLaren-Honda MP4-30, deen als eenzegen Auto am Feld mam Honda RAG15H Hybrid Power Motor fiert. Zesumme mam neie Chassis soll et méiglech sinn, d'Ecurie zolitt ze plazéieren.

Vun de Fuerwen hier bleift McLaren dem gro-schwaarzen Design trei. Opfälleg ass déi rout Sträif, déi vun der Schnëss vum Auto op béide Säiten  iwwer déi zwee Spigelen bis hannert de Cockpit geet.