No sengem Accident huet de Pilot missten an d'Spidol kommen, fir eng Computertomografie, déi awer keng schwéier Blessure feststelle konnt.

Um leschten Dag vun den zweeten Testdeeg zu Barcelona huet den Alonso no just 20 Ronnen d'Kontroll an der drëtte Kéier verluer an ass mat der rietser Säit vum McLaren Honda MP4-30 an d'Mauer gerannt.

Nom Accident war hien uspriechbar, mä hien huet no engem Check am Medical Center awer missten an d'Spidol geflu ginn. Do gouf hien ënnersicht, mä et goufe keng schwéier Blessure festgestallt. Vu McLaren heescht et, de Fernando Alonso wier a "guddem Zoustand".

RTL

© AFP

Fir déi aner Piloten ass den Testdag besser verlaf. Hei d'Top 8 vum Sonndegmoien:

1. Carlos Sainz Junior (ESP/Toro Rosso) 1:25.604 (59 Ronnen)

2. Sebastian Vettel (GER/Ferrari) 1:26.312 (59 Ronnen)

3. Nico Hulkenberg (GER/Force India) 1:26.591 (33 Ronnen)

4. Nico Rosberg (GER/Mercedes) 1:26.782 (68 Ronnen)

5. Fernando Alonso (ESP/McLaren) 1:27.956 (20 Ronnen)

6. Romain Grosjean (FRA/Lotus) 1:28.029 (40 Ronnen)

7. Daniil Kyvat (RUS/Red Bull) 1:28.149 (38 Ronnen)

8. Valtteri Bottas (FIN/Williams) 1:28.171 (52 Ronnen)