Iwwer déi 4 Deeg zu Barcelona gekuckt ass de Romain Grosjean um Lotus mam Mercedes Moto de beschte Chrono gefuer.

Vun en Donneschdeg bis e Sonndeg hunn d'Formel 1 Ecurien zu Barcelona en vue vun der neier Saison getest.

Bei Lotus schéngt et mat de Mercedes-Motore vill besser ze goen, wéi d'lescht Joer nach mat Renault. D'Ecurie vun de Lëtzebuerger Geschäftsleit Gerard Lopez an Eric Lux ass um Circuit vu Katalounien, mam Romain Grosjean, iwwert déi 4 Deeg gekuckt, dee beschte Chrono gefuer.

RTL

© AFP

De Fransous war ron 30 Honnertstel méi séier, wéi de Vizeweltmeeschter Nico Rosberg op Mercedes.