Sauber an Appel verluer, V. d. Garde wuel awer net um Depart

© AFP
Och an zweeter Instanz krut den Hollänner virun engem australesche Geriicht Recht. Mä wéinst engem anere Fakteur, kann et sinn, datt hien awer net fiert.
Sauber war géint d'Decisioun vum Geriicht an Appel gaangen, krut awer um Donneschdeg de Moien nees net Recht. Esou misste si de Giedo van der Garde fuere loossen, mä de jonken Hollänner hat vergiess, seng Superlizenz unzefroen.
Dëst huet hien eréischt no dem éischten Uerteel e Mëttwoch ugefrot. Datt ass awer wuel ze spéit, fir datt hien nach zu Melbourne un den Depart dierft goen. Normalerweis brauch d'FIA 2 Wochen, fir de Permis auszestellen. Et kéint een et och en "Eilverfahren" aleeën, mä dëst ass zimlech Onwahrscheinlech.
Sou kann et dem Giedo van der Garde elo bléien, datt hien zu Melbourne dem Geriicht no fueren dierft, mä well en net de richtege Führerschäin huet awer aussetze muss.

Virgeschicht an éischt Instanz
Den Testpilot Giedo van der Garde krut bei Sauber an der leschter Saison e Kontrakt, an deem steet, datt de Pilot dëst Saison ee vun den zwee Haaptcockpite kritt.
Well Sauber awer mat Paydriver fiert, sinn de Felipe Nasr aus Brasilien an de Marcus Ericsson aus Schweden fir déi aktuell Saison als Stammpersonal agestallt ginn. Dëst, well si méi Sue wéi den Hollänner oder och den däitschen Timo Glock matbruecht hunn.

De Marcus Ericsson am neie Sauber. / © AFP
Mä wéinst der Decisioun vum Geriicht muss Sauber elo de van der Garde fuere loossen, obwuel hie nach net mat dësen Autoe gefuer ass a béid Gefierer op déi zwee aner Piloten zougeschnidde sinn.
Wie vun den zwee Stammfuerer awer elo säi Cockpit raume muss, ass nach offiziell net gewosst.