"Deel vun der Séil vun der Formel 1 mam Sound verluer gaang"

© AFP
De Grousse Präis vun Australien, e Sonndeg, ass jo déi éischt Course vun der neier Saison. Esou ass d'Waarden op d'Saison eriwwer.
De Pastor Maldonado an den Romain Grosjean, allebéid op Lotus, koumen op de Plazen 8 an 9.
Am RTL-Interview huet de Patron vun der Ecurie Lotus, de Gerard Lopez gesot, datt an Zukunft nees de richtege Formel 1 Sound ze héiere muss sinn, d'Motoren iwwer 1.000 PS kéinten hunn, an d'Monoplace méi futuristesch ausgesinn. De Gerard Lopez, Deel vun der Komissioun, huet et schwéier kritiséiert, dat ee mam Sound vum Motor och en Deel vun der Séil vun der Formel 1 verluer huet. Mä do muss een awer och oppassen. Wann decidéiert gëtt, datt eppes Neies muss entwéckelt ginn, ass dat och nees mat héije Käschte verbonnen. Dowéinst muss een den Ecurien Zäit ginn an esou ass de Motor nach dëst an déi nächst Saison am Asaz.
Eent ass sécher, bei der Ecurie vun de Lëtzebuerger Geschäftsleit Gerard Lopez an Eric Lux, wëll ee keen esou e Joer méi, wéi d'lescht Saison. Bei Lotus ass een awer liicht optimistesch, den Gerard Lopez. Et wier een déi maximal Kilometerzuel gefuer an d'Technik hält, dat wier kloer. Et wier ee méi séier wéi 2014, dat géif ee wëssen, mä wou ee par Rapport zu den Anere steet, dat kéint een nach net wëssen.
Och bei den Objektiver un d'Piloten, Romain Grosjean an Pastor Maldonado, dréckt de Gerard Lopez d'Gaspedall net ze déif duerch. Et hätt een 2014 sou eng katastrofal Saison gehat, datt et geféierlech wier, eppes ze soen. Dobäi kënnt, datt déi Aner och net schlofen. Et misst elo mol no der éischter Course kucken an da bis Barcelona, dann hätt een nach Zäit ze reagéieren, duerno wier et ze schwéier.
Dës Saison fiert Lotus jo net méi mat engem Renault, mä mat engem Mercedes-Motor. Et ass awer net dat Eenzegt, wat un der Monoplace geännert huet.
An der Zäit wou et bei Lotus richteg gutt gelaf war, mat Podiumsplazen an Victoiren, gouf d'Ecurie vun Entsone jo dacks vun den Däitschen Medien torpedéiert. Dat dierft jo elo mat Däitschen Motoren ofhuelen, dozou de Gerard Lopez. Et gëtt ganz kloer eng Partnerschaft an och well bei Mercedes de Rescht vun den Equippen Lotus iwwerleeë wier. Wann ee bis op där Positioun ass, ass et och méi einfach iwwerall Frënn ze gesinn.
Resultat vum 2.Training
De Nico Rosberg an de Weltmeeschter Lewis Hamilton waren bal eng Sekonn méi séier wéi déi zwee Ferrari-Piloten Sebastien Vettel an Kimi Räikkönen.

© afp
De Depart vum Grand Prix Down Under ass e Sonndeg de Moien um 6 Auer an gëtt bei eise Kollegen vum Däitschen RTL op der Tëlee iwwerdroen.